Info-Versammlung
Informatiounsowend, den 10. Oktober 2013 um 19 Auer zu Jonglënster am Centre polyvalent Gaston Stein, 1, rue Emile Nilles
- Wat a wien ass d‘LRO asbl?
- Wat mécht d’LRO asbl?
- Firwat ass e Rescue Challenge oder en Trauma Challenge iwwerhaapt gutt?
- Wéi eng Aktivitéite si fir d’Zukunft geplangt?
Äntwerten op dës Froen, an op alles wat Dir schonn ëmmer iwwert d’LRO wësse wollt, awer Iech bis elo ni getraut hutt ze froen, kritt Dir vun eis den 10. Oktober zu Jonglënster. Mir wiere frou wann Dir bis laanscht komme géift.
