RUD sicht nei Memberen

RUD sicht nei Memberen

D’lescht Joer huet d’Luxembourg Rescue Organisation eng Aktivitéit méi dobäi kritt. Heibäi handelt et sech em een RUD Team (Realistische Unfalldarstellung). Dëst Team ka vun aneren Organisatiounen, CIS‘en oder och vu Firmen ugefrot gi fir am Fall vun enger realistescher Übung Victimen an hir “geschminkte Blessuren” ze stellen. Sou eng Equipe stellt sech aus Leit zesummen, déi déi accidentéiert Victime spillen an aus Leit déi d’Blessure vun dëse Victime schminken. D’RUD-Team vun der LRO war an ass aktuell a verschidde Projet’en agebonnen. Hei gehéiert z.B. d’World Rescue Challenge 2022, déi grouss Plan blanc Übung vum Hôpital Kirchberg oder d’Duerstellung vun de Victimen fir Formation Continue Trauma vum CGDIS dozou.
Eis engagéiert Equipe sicht aktuell nei Leit déi Victime spillen oder Blessure schminke kënnen.Eenzeg Viraussetzung ass, Dir sidd mindestens 18 Joer al an hudd Zäit a Loscht Iech am RUD ze engagéieren. Bei Interesse un engem vun deenen zwee oder u béiden Domäne kënne Leit sech mat enger Email op info@lro.lu oder op onse soziale Medie mellen. Gären kann een sech dat ganzt fir éischt eemol ukucken.

Recent Comments

No comments to show.
Latest Events
08/09/2022
07/09/2022
Ads
Event Search

You should choose a search result page. You can choose the page from the Theme Options > Events > Event Search Results Page option.