Realistische Unfalldarstellung (RUD)

Waat as een RUD-Team ?

RUD steet fir “Realistische Unfalldarstellung” (däitsch) an ass spezialiséiert traumatologesch Accidenter fir übungszwecker sou realistesch wéi méiglech duerzestellen. Dës erhéicht Qualitéit vun de verschiddenen Übungen an erméiglecht et Persounen ganz realitéitsno auszebilden.

Sou kann RUD-Team net nëmme fir Übunge vum Rettungswiese genotzt gi mee och fir Übunge vun z.B. enger Klinik.

Am RUD-Team vun der Luxembourg Rescue Organisatuion gëtt et aktuell 2 Rollen; déi vun der Victime an déi vum “Schminker”. D’Roll vun der Victime ass et sech dës Verletzungen sou realistesch wéi méiglech duerstellen ze loossen an dann dëst Krankheetsbild sou realistesch wéi méiglech spéider am Zenario nozestellen. Heizou geheiert och e bëssi Schauspillkonscht. D’Roll vum Schminker ass et dës Verletzungen sou realistesch wéi méiglech (mat Helefsmëttel) duerzestellen.

Ons RUD-Team sicht och ëmmer no motivéierten neie Leit déi si ënnerstëtzen. Heifir muss een net am Rettungsdéngscht oder esou aktiv si mee et geet duer wann een sech un deem ganzen interesséiert. Virdeelhaft ass natierlech wann een aus dem Gesondheetssecteur kënnt.

Interesséiert Leit kënnen sech gäre mat enger Email un rud@lro.lu oder iwwert ons Sozial Medie mellen.

Ufroe fir den Déngscht vun onsem RUD-Team an Usproch ze huele kënnen och iwwert rud@lro.lu gemaach ginn.

Recent Comments

No comments to show.
Latest Events
08/09/2022
07/09/2022
Ads
Event Search

You should choose a search result page. You can choose the page from the Theme Options > Events > Event Search Results Page option.